Mady Durrer · Schauspielerin  
       
   


Biografie
D'Mady Durrer, een halleft Jorhondert al, huet scho mat 4 Joer gesot et géif gäre Klon gin, a vun do un, war d'Bühn säi Liewen.
Conservatoire, Solfège a Piano, schon als klengen Dapp. Duerno klasseschen a modernen Danz, Jazz- a Steppdanz, fraséischen an däitschen Art dramatique an Diktioun, Chant (grouss Léift: Jazz a Blues).
An all deene Fächer éischt Präisser mat Diplomer fir un d'Mauer ze hänken.
Lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Theaterstécker, Kabaräen, Kannertheater, Poppentheater, Musicals, Choreographien, regie, Hörspiller a Kannergeschichten op Video an DVD, Synchronisatiounen a Konsären ouni Enn, zu Lëtzebuerg an am Ausland. Souguer bis op Chicago huet et sech veriirt. Huet eng Händche fir mat Kanner ëmzegoen, duerfir als zweet Standbeen och nach een Diplom als Educatrice. An deem Beruf, vermëttelt et och nach haut de Kanner d'Poesie vun der Spillerei.



Kontakt
Kontakt über das Cid-femmes

E-Mail kek@cid-femmes.lu
 
       
   Cid-femmes © 23.06.2018